EISE BETRIB


2005 vum Gilles Goedert gegrënnt, huet sech eise Betrib Verda stänneg entwéckelt, fir sech un de spezifesche Bedierfnisser vu senger ëmmer méi grousser Konnschaft unzepassen. Eise Betrib, spezialiséiert fir d’Realisatioun vu kreative Gäert, sinn hautdesdaags 20 Persounen agestallt, déi all Dag hiren Knowhow am Déngscht vun hirer Leidenschaft setzen.


D‘Stäerkt vun eise Betrib läit an der Diversifikatioun vu eis Servicer: Ariichtung an Ënnerhalt vum Gaart, Holzfällen, Installatioun vun Zénk, Realisatioun vu Plantatioune vun aller Gréisst a Geméisgäert, Kreatioun vun Terrassen a Gréngdiecher, automatescht Nätzen, Implantatioun vu Siichtschutz, Kreatioun vu Waasserflächen… esouvill Trëmp, wouduerch eis Firma aussergewéinlech Flächen proposéiere kann, andeems mir eis ëm de ganze Prozess këmmeren.


Dir hutt et scho verstan: Adaptatioun a Passioun stinn an der DNA vu Verda. Dat mierkt Dir direkt, wann Dir d’Ekipp am Wierk gesitt.


Am Laf vun de Joreszäiten zeechnen sech d’Realisatioune vu Verda duerch hire Charme an hir Funktionalitéit aus, an enger Harmonie vu Kontraster a Stiler, an dat, fir är gréisste Freed.