Wëllkomm op der Websäit vu Verda, de Spezialist vun der Kreatioun vun aussergewéinleche grénge Flächen. All ons Realisatioune charakteriséiere sech duerch gewot, innovativ a kreativ Léisungen, déi d’Resultat aus eiser villjäreger Erfarung an dësem Beräich sinn.

Mir begleeden Iech wärend ärem ganze Projet, vun der Planifikatioun bis zur Finitioun, fir äre Gaart, egal wéi grouss en ass, an ee grénge Paradäis aus ären Dreem ze verwandelen!

Zäitgenëssesche Gaart oder Ziergaart, Patio oder bléiend Terrass, vertraut eisem villsäitegen Knowhow. Genéisst dann einfach d’glécklech Zäit, déi dir dobaussen an ärer grénger Fläch verbrénge kënnt.

« Wann's de mat der Natur frou bass, da fënns de d’Schéinheet iwwerall. »

Vincent Van Gogh